In Memory of Alain Marchetti

Léiwen Alain,

Mir hunn dës Säit hei fir Dech a fir all déi Leit, déi dech kennen a gären hunn gemaach!

Eis HP ass jo bekannt dofir dass mir vill Fotoen dropsetzen, eis Kamera ass bal bei all Fest, all Vakanz oder schéine Momenter dobäi, alles gëtt festgehal, kee gëtt verschount … oft hunn d’Leit schonn d’Flemm mat eis, well se wëssen duerno si se erëm um Internet ze gesinn!

Alain, och Du bass oft op eise Fotoen, Du waars oft dobäi …. Vill schéi Momenter hu mir zesumme mat dir an dem Claude verbruet. Mol um Terrain oder an der Hal, oft an der Steeseler Stuff, op deene ville Fester vum Basket an natierlech och bei eis Doheem am Party-Keller. Haut si mir frou dës Fotoe vun Dir ze hunn.

Gleef eis Alain, esou gutt ewéi si eis un Dech erënneren, eis nees zum laache bréngen esou weis du eis oft zum laache bruecht hues, esou gutt bleifs Du eis am Häerz erhalen …

mir vergiessen Dech ni.

Déi Säit ass awer net nëmmen fir Dech mä och speziell fir d’Claude, de Marc, de Fernand, fir d’Famill Marchetti an d’Famill Kohnen, fir all deng gutt Frënn, deng Meedercher a Jonge vun der Amicale, deng Schoulklass, deng „al“ Matspiller a besonnesch fir déi ganz Steseler Basketsfamill.

Si soll fir ëmmer op eiser HP bestoe bleiwen als Erënnerung un eise Frënn vu Steesel, den Alain Marchetti # 9 !

Alain … Esou bass Du ëmmer bei eis!

Hei fënns du e puer flott Fotoen déi mir vum Alain hunn!!!

Hei fënns du e puer Basketsfotoen déi mir vum Alain hunn!!!

The web page was started with Mobirise