In Memory of Chris Molitor

Léiwen Chris,

Op eiser HP soll och fir dech eng Erënnerung entstoen,
eng Säit déi mir Dir, dengen Bridder, denger Mam an dengem Papp, denger ganzer Famill an speziell och all denge Frënn widmen!!
Eng Säit di eis ëmmer nees weist wei eng schéin Zäiten mir zesummen erlieft hunn, wéi gutt mir eis verstan hunn, wéi frou mir mat Dir waren an eiser Mëtt !!!!

Déi lescht Momenter hunn mir am Spéitsummer 2007 verbruecht, voller Hoffnung dass Du deng Krankheet meeschters, dass et dir giff besser goen,
dass Du et nach eemol solls packen…..
Mir hunn dech schliisslech kannt als enormem Kämpfer, als „Optimiste par Excellence” als een, deen ëmmer wosst säin Pefferkär bäizedroen op mir dat wollten oder net. 😉

Du hues eis Trouscht ginn wann mir gezweiwelt hunn, Du hues eis Courage gemeet wann mir traureg waren,
Du hues eis esou en Bild vun Dir hannerlooss dat mir stolz an eisen Häerzer droen, an wat mir op éiweg ze schätzen wëssen!!

Du hues Däin Kampf den 16.11.07 leider verluer, däin leschte Match, däin Challenge …. En Kampf deen’s Du mat all Éier gekämpft hues.
Mee net nëmmen Dir mä och dengen Elteren an dengen Bridder rechnen mir héijen Respekt un, wéi staark si un denger Säit waren,
wéi tréischtend an staark hier Wierder an der Mass.

Léiwe Chris mir sinn frou dech kannt ze hunn, ze wëssen Du waars een aus eiser Skiclique, Du waars een aus eiser Basketsfamill, Du waars een gudde Frënn aus der
Schreidesch-Kapgen Famill.
Och dest Joer gin se nées zu puer op Ischgl, an ech wées dass se dech do vermessen, op der Pist, um Après-Ski, um Iessen, iwwerall…
Grad esou wéi mir dech hei iwwerall vermëssen….
Chris, mir denken un Dech, mir vergiessen Dech ni.

In Love
Bianca, Tom, Liv an Nils

Hei fënns du e puer flott Fotoen déi mir vum Chris hunn!!!

Website was made with Mobirise